ImageImageImage

DE SPOT


DEN INTERVIEW

D’GRËNNUNG
VUM PLOOSCHTER
PROJET


Mäin Numm ass Yannick Lieners a bei mär gouf am Alter vu 25 Joer eng chronesch myeloesch Leukemie diagnostizéiert. Ech ka meng Form vu Leukemie mat Pëlle behandelen. Am Laf vu menger Therapie kann et sinn, datt ech op eng Stammzellen- oder Bluttspend ugewise sinn. Dat ass awer éischter onwarscheinlech.

Duerch meng Diagnos hunn ech gesinn, datt et e grousse Problem gëtt, passend Spender fir akut Leukemiepatienten ze fannen.  Ech hu mer virgeholl, dëse Patienten ze hëllefe fir datt si eng Chance op en neit Liewen kënnen hunn. Leider stierft zu Lëtzebuerg all drëtte Patient, well kee passende Spender  fonnt gëtt. D’Warscheinlechkeet e passende Spender ze fannen läit bei 1 zu 1 Millioun. Dowéinst wëlle mär mam Plooschter Projet méi Leit typiséieren. Andeems du dech als Stammzellespender registréiers, kanns du däi geneteschen Zwilling fannen a säi Liewe retten.

Mär perséinlech gëtt et Kraaft am Kampf géint d’Leukemie, ze gesinn, datt sech esou vill Leit ewéi méiglech um Plooschter Projet bedeelegen. Leukemie ass heelbar. Mee mer brauchen deng Ënnerstëtzung. Hëllef eis am Kampf géint Bluttkriibs a gëff Deel vum Plooschter Projet.


Image

WAT ASS DE PLOOSCHTER PROJET?


De Plooschter Projet mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktioune fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren.

2018 an 2022 huet de Plooschter Projet d‘Sensibiliséierungscampagnë „Gitt Stammzellespender – rett e Liewen“ an „De Kampf géint Leukemie ass en Ekippesport“ lancéiert. Des Campagnen informéieren de lëtzebuergesche Public iwwer d’Stammzellespend.

Säit der Grënnung vum Plooschter Projet 2014 hunn sech iwwer 9‘000 Leit op enger vun eisen Aktiounen als Spender registréiert. Mindestens 15 vun hinnen hunn och Stammzelle gespent an domat engem Patient d‘Chance op en neit Liewe ginn. An der Moyenne mécht de Plooschter Projet ongeféier 25 Aktiounen am Joer. D’Aktivitéit vum Plooschter Projet huet d’Unzuel vun de registréierte Spender zu Lëtzebuerg drastesch erhéicht.

All d’Infirmièrë vum Plooschter Projet sinn diploméiert an entweeder berufflech aktiv oder am „Registre des professions de santé“ vum Gesondheetsministère deklaréiert. D’Ekipp vum Plooschter Projet besteet aus iwwer 60 Benevollen.

Wann der eng Aktioun an ärer Entreprise, op ärem Event oder an ärem Lycée mat eis duerchféieren wëllt, maacht eng Mail op info@plooschterprojet.lu.

De Plooschter Projet ass frou, mat follgende Partner zesummenzeschaffen: Stefan Morsch Stiftung / Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte / Ministère de la Santé, Luxembourg / LIH – Luxembourg Institute of Health / Bionext Lab / Picken doheem / Télévie / Foyer Assurances & Agence Charpantier / Skin / Mameranus / Fondation André Losch

.

 

Image
Gesundheitsfragebogen (DE) Questionnaire de santé (FR)

Am Laboratoire musst der een Formulaire iwert ären Gesondheetszoustand ausfëllen an dann kennt där eng Bluttanalyse maachen fir ären dHLA-Typ erauszefannen.

Einwilligungserklärung (DE) Déclaration de consentement (FR)

Mannerjäreger mussen nach eng Awëllegung Erklärung vum Erzéiungsberechtegten ausfëllen loossen.


1.STAMMZELLE-SPENDER GINN?


Schrëtt 1: Sech registréiere loossen


D’Krittären heifir sinn:



 

Dofir musst dir nëmmen eng Bluttanalys maachen. All d’Bluttanalysen si selbstverständlech gratis. Et brauch ee keng Ordonnance, an et brauch een net eniichter ze sinn. Et brauch ee sech just eemol am Liewen ze registréieren, egal bei wéi enger Associatioun an a wéi engem Land, well et kënnt een ëmmer an déi weltwäit Datenbank.

Image

Stammzellespender ginn ass einfach


  1. Doheem oder op der Aarbescht registréieren : Iwwer d’Nummer (+352) 27321 kënnt der och ganz einfach en Rendez-vous huelen an dann kënnt en(g) Infirmièr(e) bei iech Heem oder op d‘ Aarbecht. Hei musst der just Bescheed soen, dass där iech als Stammzellespender registréieren wëllt.

  2. Bluttanalyse an engem Laboratoire oder Spidol: Der kënnt och är Bluttanalyse an alleguerten den Laboratoiren vun eisen Partner „Picken Doheem“ an „BioneXt“ maachen. Der kennt awer och an all den folgenden Laboen iech registréieren loossen: Laboratoires Ketterthill, Laboratoires Réunis, CHEM an CHL (Aschreiwung am Spidol).

Schrëtt 2: DÉI EIGENTLECH SPEND


Dat geschitt nëmmen wann
dir als Spender a Fro kommt.

Et ka sinn, datt dir ni geruff wäert gi fir eng Stammzellespend ze maachen (d’Chance läit bei ca. 5% fir geruff ze ginn). Wann awer ee Leukemiepatient op är Stammzellen ugewise sollt sinn, gitt dir kontaktéiert an da kënnt et zu enger “richteger” Spend (dat wär den 2. Schrëtt). 95% vun de Leit, déi geruff ginn, spenden hir Stammzellen iwwer d’Blutt. Dëse Virgang dauert duerchschnëttlech 3-4 Stonnen.


Image


No der Typiséierung kritt dir eng Käertche vun der Stefan Morsch Stëftung heemgeschéckt.

Mir soen äech Merci fir eis esou séier ewéi méiglech matzedeelen, wann eng vun äre Kontaktdaten (Numm, Wunnsëtz, Emailadress, Telefonsnummer) gewiesselt huet, oder wa sech eppes un ärem Gesondheetszoustand geännert huet.

Hei den link: (Stefan Morsch Stiftung) 

Image

GITT STAMZELLSPENDER
RETT E LIEWEN!

LEUKEMIE
ASS HEELBAR

Leukemie ass heelbar: Déi eng hu sech an d’Datebank androe gelooss a konnten esou Liewe retten, déi aner haten d’Gléck duerch eng Stammzellespend eng Therapie ufänken ze kënnen.


TÉMOIGNAGEN


DONNEUR / SPENDER



RECEVEUR / EMPFÄNGER


2.EN DON MAACHEN


Image

Dir kënnt direkt en Don un de Plooschter Projet maachen, iwwer d’Kontosnummer:
Titulaire: Plooschterprojet
BIC: CCPLLULL
IBAN: LU67 1111 7033 0252 0000

Den Plooschter Projet huet den „statut d’utilité publique“ wann där en Don maacht vergiesst net är Adresse mat un ze ginn dann kritt där en Remerciement mat engem Beleg fir den Don bei der Steiererklärung of ze setzen.


ImageImageImage

ANESCHT ËNNERSTËTZEN


Fir de Plooschter Projet z’ënnerstëtzen, kënnt dir follgend Saache kafen entweeder op enge vun eise ville Registréierungsaktiounen oder per Mail op info@plooschterprojet.lu


Neck


Image

 Neck (Vlies)


Image

Shirt


Image

Armlace


Image

3. BLUTTSPENDER GINN


Hei sinn d’Krittäre manner streng ewéi bei der Stammzellespend:



Image

Virun der Bluttspend kënnt dir och normal iessen. All weider Froe kënnt dir um Telefon bei der Croix Rouge nofroen. D’Bluttspend kann een ëmmer an der Stad (42, Boulevard Joseph II, L-1840 Luxembourg) maachen an heiansdo op anere Plazen am Land (cf. Internetsite). Virun der Bluttspend musst dir e Rendez-vous ausmaachen. Dat geet ganz einfach iwwer den Telefon: 27 55-4000.

All weider Infoe fannt dir um Site vun der Croix Rouge

SUPPORTER


De Plooschter Projet gëtt ënnerstëtzt vun:


ImageImageImageImageImageImageImage
Image

4. EN ORGAN-
SPENDERPASS UFROEN


Et ass wichteg esou ee Pass ze hunn, well am Fall wou dir eng Organspend maache géift, muss séier gehandelt ginn. Normalerweis gëtt virun esou enger Entscheedung mat der Famill geschwat. Fir hinnen déi Entscheedung ofzehuelen an et den Dokteren z’erlaben, méi schnell ze handelen, ass esou en Organspenderpass sënnvoll.

All d’Infoen zu deem Theema fannt dir um Site vu Protransplant. Bei weidere Froe went iech un d’Telefonsnummer: 00352 691535353.

Dir kënnt ären Organspenderpass einfach online ufroen, an da kritt dir den Ausweis mat der Post heemgeschéckt. Dat kann een  um Site vu Protransplant (www.protransplant.lu) maachen.